Haus 13 - Nord

25, Grand-Rue

L-9050 Ettelbrück

Tel.: +352 26 810 791

@2017 Solidarité Jeunes a.s.b.l.

  • White Facebook Icon

Haus 13 - Centre

17, rue Glesener
L-1631 Luxembourg

Tel.: +352 26 196 975

Haus 13 - Sud


13, rue du Brill
L-4422 Belvaux

Tel.: +352 557 878 1

Solidarité Jeunes a.s.b.l.


123, rue Adolphe Fischer    Tel.:    +352 490 420 1
L-1521 Luxembourg            E-Mail: contact(at)s-j.lu


www.solidarité-jeunes.lu

E-Mail : haus13(a)s-j.lu

Wëllkomm beim

 
Waat ass dat
Haus 13?

D’Haus 13 ass e Betreiungsservice fir Kanner, Jonker a Famillje vu Solidarité Jeunes a.s.b.l.

Am Haus 13 gëtt et de Service Familial an de Service Psychologique vu Solidarité Jeunes a.s.b.l. Dës zwee Servicer schaffe komplementar, deelen sech déiselwecht Büroen a stëmmen hir Aarbecht openeen of. Falls néideg, intervenéiere si och zesummen an enger Famill.

D’Büroe vum Haus 13 fënnt een dräimol am Land: zu Bieles (Belvaux, Annexe Sud), an der Stad Lëtzebuerg (Annexe Centre) an zu Ettelbréck (Annexe Nord).

Wat mécht d'Equipe vum
Haus 13?

D’Haus 13 bitt Hëllef a Form vun Ënnerstëtzung a Berodung fir Familljen a schwierege Liewenssituatiounen un. D’Zil vun der Equipe „Haus 13“ ass d’Wuelbefannen an déi perséinlech Ressourcë vun all Familljemember ze stäerken. De Respekt virun der betreiter Persoun, d’Transparenz an den Interventiounen, souwéi d’Beruffsgeheimnis sinn déi fundamental Prinziper vum Haus 13. All d’Mataarbechter schaffen no der systemescher Approche vun der Familljebetreiung. Dëst bedeit, dass dat familiäert a soziaalt Ëmfeld ronderëm d’Persoun ka mat an d’Betreiung agebonne ginn (Foyer, Schoul, Maison Relais, aner Professioneller).

D’Haus 13 intervenéiert nom Accord vum „Office National de l’Enfance“ am Kader vum Gesetz vun der „Aide à l’Enfance et de la Famille“. Beim Office National de l’Enfance kënne Familljen, jonk Erwuessener a Professioneller aus dem Secteur Hëllef ufroen. D’Interventioune vum Haus 13 gi prinzipiell finanziell vum Office National de l’Enfance iwwerholl. Dëse kann, jee no Revenu, eng finanziell Participatioun vun der Famill froen.

Gespréicher mat der Famill kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ofgehale ginn. D’Offer vum Haus 13 kann, wann néideg, vum Service Impuls an/oder dem Service Logement Social Encadré vu Solidarité Jeunes ergänzt ginn.

A wou fannen ech e Flyer vum

Haus 13?

Hunn déi och Facebook,
d' Haus 13?

Haus 13

Nord

Contact
Serv. Psychologique
Serv. Familial

Haus 13
Centre

Contact
Serv. Psychologique
Serv. Familial

Haus 13
Sud

Contact
Serv. Psychologique
Serv. Familial