Haus 13 - Nord

25, Grand-Rue

L-9050 Ettelbrück

Tel.: +352 26 810 791

@2017 Solidarité Jeunes a.s.b.l.

  • White Facebook Icon

Haus 13 - Centre

17, rue Glesener
L-1631 Luxembourg

Tel.: +352 26 196 975

Haus 13 - Sud


13, rue du Brill
L-4422 Belvaux

Tel.: +352 557 878 1

Solidarité Jeunes a.s.b.l.


123, rue Adolphe Fischer    Tel.:    +352 490 420 1
L-1521 Luxembourg            E-Mail: contact(at)s-j.lu


www.solidarité-jeunes.lu

E-Mail : haus13(a)s-j.lu

Service Psychologique

Haaptobjektiver vum Service Psychologique sinn engersäits d’Reduzéierung vun de Symptomer, souwéi eng besser Integratioun vun dëse Symptomer an den Alldag vun der betreiter Persoun.

D’Psychologe si strikt un d’Beruffsgeheimnis gebonnen a leeë grousse Wäert op d’Transparenz an hiren Interventiounen. Déi therapeutesch Ziler ginn an Zesummenaarbecht mat der betreiter Persoun ausgeschafft an am weidere Prozess ëmmer nees un hir psychesch Entwécklung a Bedierfnesser ugepasst.

De Service Psychologique bitt eng psychologesch Betreiung fir d’Behandlung vu folgende Symptomer un:

  • Konzentratiounsstéierungen (ADS)

  • Scheedungen, Trennungen an Trauer

  • Depressioun a Suizidgedanken

  • Angschtzoustänn a Phobien

  • Oppositionellt a provokatiivt Verhalen

  • Onstabilt Verhalen, Hyperaktivitéit

  • Psychosomatesch Stéierungen, Stress (Kappwéi, Bauchwéi e.t.c.)

  • Schlofstéierungen, Annässen (encoprésie, enurésie)

  • Kompulsiv, obsessionnell Stéierungen

  • Mobbing, sozial Isolatioun, Schwieregkeete fir sech ze behaapten

  • Sozial opfällegt, aggressiivt oder auto-aggressiivt Verhalen 

  • Physesch an emotional Vernoléissegung

  • Traumatesch Erfarungen (physesch, psychesch oder sexuell Gewalt, Krich oder aner Situatiounen)

  • All aner elterlech oder perséinlech Suergen

Psychologesch Betreiung kann tëschent Eenzelseancen a Seancë mat Persounen aus dem perséinlechen Ëmfeld (Famill, Professioneller ...) vun der betreiter Persoun wiesselen. D’Betreiung kann an hirer Dauer variéieren, jee no der Entwécklung an der Verbesserung vun de Symptomer.